News D1

alles waat et sou Interessantes iwert d'éischt Dammen-Équipe z'erzielen gëtt ...

3t Final fir eis Dammen

An enger spannender 2ter Final hunn eis Dammen sech doheem géint de Favorit aus Mamer duerchgesat an domat eng 3t Final erzwong.

Kommt an ënnerstëtzt si bei dëser läschter Final!

  • Created on .
  • Hits: 344

Éischt Final fir eis CHEV-Dammen

No zwou Victoiren géint den RSR Walfer an der Hallef-Final vun der Novotel Ligue steet ons éischt Dammen-Ekipp fir d'éischt Kéier an der Veräinsgeschicht an enger Final.

Kommt an ënnerstëtzt eis Dammen bei hire Matcher:

De 9. Abrëll um 19.00 Auer zu Mamer

Den 16. Abrëll um 18.00 Auer zu Dikrech

HU-GO! WE-GO!

  • Created on .
  • Hits: 379

Felicitatioun !

Ons 1. Dammen-Equipp ass Champion vun der éischter Divisioun an steigt doduerch lo an d'National-Divisioun - BRAVO !

final 2013 03

 

  • Created on .
  • Hits: 778

Dammen-Match CHEV-VCF

OPGEPASST: den Dammen-Match tëschend CHEV D1 an VC Fenténg
vum Samsteg, 13. Oktober 2012 (18:00) ass verluecht ginn !
weider Detailler kommen no...

  • Created on .
  • Hits: 586

Nei Spillerinnen

Erfahrung fir d’CHEV Dammen

Éischten Neivirstellung ass d’Eve HULSBOSCH. Hatt ass op der GYM vun Bouneweg (sou kann een et nennen) „ausgemustert“ ginn an waert lo d’Positioun vum Mëttelblock anhuelen. D’Eve HULSBOSCH koum an hart emkämpften Championnats-Finalen mat der GYM zum Asatz an bréngt esou Erfahrung mat op Dikkrech. „Ënnert aanerem duerch séng Nationaldivisioun-Erfahrung ass d’Eve ouni Zweifel eng Verstaerkung fir eis Equipe“, sou den Trainer Chris LAEVAERT.

Read more: Nei Spillerinnen

  • Created on .
  • Hits: 2276