News H1

alles waat et sou Interessantes iwert d'éischt Hären-Équipe z'erzielen gëtt ...

CHEV goes Coupe Final 4

Salut dir Chev'innen an Chev'en, kommt an ënnerstëtzt eis,

d'Hären spillen

d'Hallef-Final vun der Loterie Nationale Coupe de Luxembourg
géint den VC Fenténg de Freideg, 19. Februar 2016
um 18h30 zu Bartréng (Centre Attert).

De Comité hofft a mëcht een Opruf dat esou vill wéi méiglech vun eisen Mêmberen a Supporteren deen Owend do sinn fir eis Equipe mat vill "Remmi Demmi " moralesch ze ënnerstëtzen.

Eis Farwen sinn blo-giel. All Klibber, Kachdëppen, Instrument ass wellkomm:-).

Allez CHEV !!!

de genauen Spillplang vun der Loterie Nationale Coupe de Luxembourg ass:

Hallef-Final Hären (Hall Omnisports Belair)
Freideg, 19. Februar 2016 um 18:30  /  VC Fentange - CHEV DIEKIRCH
Freideg, 19. Februar 2016 um 20:30  /  VC Strassen - RSR Walfer
 
Finales
Samsdeg, 20. Februar 2016 um 17:00  /  Final Dammen
Samsdeg, 20. Februar 2016 um 19:30  /  Final Hären

 

  • Hits: 372

SAISONSTART 2015/2016

Um Samsdeg 26. September ass den Optakt vun der neier Volleyball-Saison (NOVOTEL LIGUE). Lass geet et direkt mat zwee Heem-Matcher fir ons 1. Dammen- an 1.Hären-Equipe.

Hei den kompletten 1. Spilldag vun allen Senior-CHEV-Equippen : 

NOVOTEL LIGUE (26. SEPT. 2015)
Dammen-Match um 18:00 /  CHEV DIEKIRCH - VC Strassen
Hären-Match um 20:30 / CHEV DIEKIRCH - VC Strassen
 
1. DIVISIOUN (26. SEPT. 2015)
Dammen-Match um 16:00 / RSR Walfer 2 - CHEV DIEKIRCH 2
Hären-Match um 15:00 / VC Fentange 2 - CHEV DIEKIRCH 2


De komplette Programm vun der Saison 2015/2016 vun allen CHEV-Equippen ass wéi gewinnt ze fannen ënnert dem Link >INFOS >PROGRAMM MATCHER CHEV (als PDF Dokument)

 

  • Hits: 436

FINAL CHAMPIONNAT 2015

No zwou Victoiren géint den RSR Walfer an der Hallef-Final vun der Novotel Ligue steet ons éischt Häeren-Equip no 2013 an 2014 och nees dëst Joer an der FINAL vum Championnat! De Géigner "am Kampf" ëm den Champions-Titel heescht VC STROOSSEN.

d'Resultater vun der Hallef-Final:

RSR Walfer - CHEV  1:3 (25-23/24-26/18-25/19-25)
CHEV - RSR Walfer  3:0 (25-16/25-23/25-21)

D'Matcher vun der Final, déi am System "Best of 3" gespillt ginn sinn:

Final Hären NOVOTEL LIGUE
Samsdeg, 14. März 2015 um 20:30 / VC Strassen - CHEV DIEKIRCH
Samsdeg, 21. März 2015 um 20:30 / CHEV DIEKIRCH - VC Strassen
Samsdeg, 28. März 2015 um 20:30 / VC Strassen - CHEV DIEKIRCH

 

  • Hits: 507

FINAL !

No zwou Victoiren géint den RSR Walfer an der Hallef-Final vun der Novotel Ligue steet ons éischt Häeren-Equip no 2013 och nees dëst Joer an der FINAL vum Championnat! De Géigner "am Kampf" ëm den Champions-Titel heescht VC STROOSSEN.

d'Resultater vun der Hallef-Final:

CHEV - RSR Walfer  3:1 (27-29/25-18/25-21/25-19)
RSR Walfer - CHEV  1:3 (25-17/14-25/23-25/21-25)

  • Hits: 690

CHEV goes Coupe Final 4

Salut dir Chev'innen an Chev'en, kommt an ënnerstëtzt eis,

d'Hären spillen

d'Hallef-Final vun der Loterie Nationale Coupe de Luxembourg
géint den VC Stroossen den Freideg, 07. Februar 2014
um 18h30 um Belair (Hall Omnisports).

d'Minimes spillen

d'Final vun der Loterie Nationale Coupe de Luxembourg
géint den Volley Bartréng den Sonndeg, 09. Februar 2014
um 10h00 um Belair (Hall Omnisports).

De Comité hofft a mëcht een Opruf dat esou vill wéi méiglech vun eisen Mêmberen a Supporteren deen Owend resp. Moien do sinn fir eis Equipen mat vill "Remmi Demmi " moralesch ze ënnerstëtzen.

Eis Farwen sinn blo-giel. All Klibber, Kachdëppen, Instrument ass wellkomm:-).

Zu dem Ulass firt eng Gratis Navette.
Départ Freideg um 17h00 an Sonndeg um 08h30 zu Ettelbréck bei den Deichhallen.

W.e.g. är Platz séier per mail réservéieren op backmart(ät)pt.lu

Allez CHEV !!!

Fir de Comité,
Patrick Wagner

de genauen Spillplang vun der Loterie Nationale Coupe de Luxembourg ass:

Hallef-Final Hären (Hall Omnisports Belair)
Freideg, 07. Februar 2014 um 18:30  /  VC Strassen - CHEV DIEKIRCH
Freideg, 07. Februar 2014 um 20:30  /  VC Lorentzweiler - VC Bonnevoie
 
Finales
Samsdeg, 08. Februar 2014 um 17:30  /  Final Dammen
Samsdeg, 08. Februar 2014 um 19:30  /  Final Hären
 
Finales des Jeunes (Minimes)
Sonndeg, 09. Februar 2014 um 10:00  /  CHEV DIEKIRCH - Volley Bartréng

  • Hits: 506

CHEV=Champion!

Am 3. an läschten Match vun der Final hunn ons Jongen 3:0 (25:16/25:23/25:19) géint den VC Stroossen gewonn. Félicitatioun an een ganz grouss Merci un ons formidabel Supporter !

  • Hits: 562