Final / Match 2

Salut dir Chev'innen an Chev'en,

Dëse Samsdeg, den 16. Mäerz ass esou wäit:

Eis Hären stinn um 20h zu Stroossen virun engem historeschen Ament fir eise Klub!
Deen 1. Titel an der 44jähreger Bestehungsgeschicht vum CHEV Diekirch réckt nach ee Krack méi no, no der formidabler Victoire vun läschtem Samsdeg virun 250 begeeschterten Supporteren.

Fir dat mir dee leschten Schrack och nach könne zesumme man, hofft de Comité dat erëm vill vun eisen Mêmberen a Supporteren och den nächsten Samsdeg zu Stroossen mat dobäi sinn fir deen greifbar noen Titel 'vlait schon e Samsdeg gebührend ze feieren. Wéi ëmmer sinn eis Farwen blogiel. All Klibber, Kachdoeppen, Instrument ass wellkomm:-).

De Club organiséiert zu deem Ulass eng Navette
- départ Diekrich um 18h30 Hall Omnisports/Piscine 
- départ Ettelbruck um 18h45 Parking Deichwisen

Participation aux frais fir d'Navette 5 EUR mat engem Maximum vun 10 EUR pro Famill bäi méi wéi 2 "Mitfahrer". Et sinn ongeféier 50 Platzen disponibel. Die éischt sinn wéi ëmmer vir. 

Réservatioun bis den Freiden 15.03.2013 per mail un  backmart(at)pt.lu

Allez CHEV !!!
Fir de Comité, Patrick Wagner

  • Hits: 720